Ee Feature mam Taylor Swift um Katy Perry sengem neien Album? Dat war d'Hoffnung vun de Fans. An d'Katy Perry huet sech elo dozou geäussert.

Et war net ëmmer déi einfachst Relatioun tëscht deenen zwou beléifte Pop-Sängerinnen. Jorelaang gouf et Sträit tëscht dem Katy Perry an dem Taylor Swift. An zwar net wéinst engem Mann, mee wéinst Dänzer, déi 2014 mam Taylor Swift op Tour waren.

2019 war et dann no fënnef Joer awer endlech esou wäit, an déi zwou Sängerinnen hu Fridde geschloss. Fir d'Fans vun de Sängerinne war et de Moment fir ze hoffen, dass et elo endlech zu enger Kollaboratioun kennt. An nodeems d'Katy elo seng Single Daisies erausbruecht huet, haten d'Fans gemengt, dem Taylor seng Stëmm am Hannergrond eraus ze héieren. Ma d'Katy Perry huet an engem Interview an der brittescher Radio-Sendung "Hits Radio Breakfast" elo doriwwer geschwat.

Der 35-Järeger Sängerin no, ass d'Taylor weder bei "Daisies", nach bei soss engem Lidd vu sengem fënneften Album dobäi. Dat géif awer net heeschen, dass net eemol eng Kollaboratioun tëscht deenen zwee méiglech wier.