Den Jason Derulo ass als Sänger, ma och als Dänzer bekannt. An dofir huet en op TikTok een Danz-Challenge fir d'Ëmwelt a géint de Klimawiessel lancéiert.

Et soll ee sech ëmmer dorop konzentréiere wat ee gutt kann, an dat notze fir eppes Guddes ze maachen. Dat muss sech och den Jason Derulo geduecht hunn an huet sech do direkt mat engem beléiften App-Spill zesummegedoen.

Ënnert dem Hashtag #FIGHTS4THEPLANET huet den Derulo dann elo een Danz-Challenge op der Video-Plattform TikTok lancéiert. Do gesäit een den Derulo an engem Sandstuerm danzen an seng Outfits wiesselen. De Sandstuerm bezitt sech op eng Zeen aus dem Spill vu PUB G Mobile un. PUB G Mobile huet och schonn 100'000 Dollar un eng Asbl gespent, déi sech fir d'Ëmwelt asetzt.

An dem Derulo seng Challenge ass bei senge 19 Millioune Follower op TikTok och scho méi wéi 1 Millioun mol gekuckt ginn an deenen éischte 24 Stonnen. Dem Jason no huet TikTok dee Virdeel, dass een ee Message ka verbreeden, an d'Leit awer Spaass dobäi kënnen hunn. Dat wier nämlech wichteg, well kee gäre Priedege gehale kritt wéi e sech soll verhalen. Inspiratioun wier do vill méi wichteg.