"Stuck With U" ass wéineg iwwerraschend op der Nummer 1 vun den amerikanesche Single-Charts gelant. Just ass do een der Meenung, dass dat net richteg ass.

D'Kollaboratioun vum Justin Bieber an dem Ariana Grande ass bei de Fans vun deenen zwee Popsänger natierlech richteg gutt ukomm. Scho laang haten d'Fans op eng Single vun deenen zwee gewaart. Donieft spenden d'Stars alles wat duerch d'Single u Suen zesummekënnt. An zwar un d'"First Responders Children Foundation", déi sech dofir asetzt, eng Ofsécherung fir Kanner ze garantéieren, deenen hir Elteren duerch hire Beruff een erhéichte Risiko hunn fréi ze stierwen.

An d'Single huet sech och immens gutt verkaf. Dofir ass "Stuck With U" direkt vun der 0 op d'Plaz 1 geklommen. Ma een anere Museker, dee wuel gehofft hat op d'1 ze kommen, huet awer elo ugefaange den Erfolleg vun deenen zwee a Fro ze stellen. An zwar de Rapper Tekashi 6ix9ine. Dësen ass eréischt viru kuerzem aus dem Prisong entlooss ginn, an och nëmmen wéinst dem Coronavirus. Mat senger neier Single "GOOBA" ass den Tekashi op der drëtter Plaz gelant. Och net schlecht eigentlech. Ma den Tekashi seet awer, déi zwee hätte mat verschiddene Kreditkaarten hir eege Single kaf, fir se esou op d'Nummer 1 ze kréien.

Dem Ariana an och dem Justin, hunn des Uschëllegungen awer guer net gefall. An engem Instagram Post huet d'Sängerin elo reagéiert a gesot, dass et him egal wier op hatt elo op der Nummer 1 géif stoen oder net. Him wier et vill méi wichteg seng Musek kënnen mat aneren ze deelen. Virun allem géif et awer net wëllen, dass een seng Éierlechkeet, oder déi vu senge Fans unzweiwelt.

Den Tekashi huet doropshin ee Video op Instagram gepost, an deem e seet, e géif dem Ariana säin Talent net a Fro stellen, mee hatt géif seng "Péng" net verstoen, oder wou een hierkënnt, a wéi schwéier hien et hat.