Den Harry Styles huet elo dann endlech ee Video fir seng Single "Watermelon Sugar" eraus bruecht. An et ass enger Saach gewidmet déi elo grad ville feelt.

Deen éischte Frame am Video vun der Single "Watermelon Sugar" ass deen heite Saz: "This Video is dedicated to touching".

Am Video gesäit een den Harry Styles dann op der Plage setzen. Ëmginn vun engem ganze Grupp aus Fraen an och engem weidere Mann. An natierlech dierf een d'Waassermeloun do net vergiessen. Respektiv d'Melounen. Wéi vill de Styles dovun an dem Video muss giess hu wier natierlech interessant ze wësse, well et muss der genuch gewiescht sinn.

De Video huet esou ee liichte Vibe aus de 70er Joren, an obwuel vill Fraen am Video sinn, an se och all am Bikini sinn, gëtt erstaunlech wéineg Haut gewisen. An och de Message, dass jidderee schéin ass, egal ob grouss kleng, mat heller oder däischterer Hautfaarf, gëtt kloer mat der Grupp ronderëm de Styles vermëttelt.

An obwuel net vill Spektakuläres geschitt, ausser villäicht op der Plage ze leien an eben eng Onmass zu Waassermeloun an anere Friichten dohi matzeschleefen, ass de Video grad elo nees eppes erfrëschend Neies.
De Video ass nämlech scho virum Confinement gedréint ginn. Wat och erkläert firwat sech esou vill ka beréiert ginn am Video. Natierlech ass dat och néideg fir dee richtege Message vum Lidd z'iwwermëttelen.

Mee iergendwéi ass et awer och genee dat wat elo feelt. Souguer an de Videoen ass de Social Distancing elo nämlech d'Norm. Kuckt een zum Beispill de Video vun den Jonas Brothers an dem Karol G, ass en zwar professionell gemaach, mee natierlech mat genuch Ofstand.