An zwar huet de Sänger 170'000 Pond an d'Konschtcourse vu senger aler Schoul investéiert.

Et soll een ni vergiessen, wou een hierkënnt. A quasi kee Weltstar hëlt dat esou genee wéi den Ed Sheeran. Den 29-Joer ale Sänger lieft nach ëmmer an der Suffolk Regioun, wou en och opgewuess ass, an eeben an d'Schoul gaangen ass.

Eng dovu war "Thomas Mills School". An déi Schoul huet elo mat deene 170'000 Pond verschidden Investitioune konnte maache. Fir neit Material ze kafen oder ganz Raim anzeriichten. Dorënner zum Beispill ee Fotoslabo, nei Video-Software a Computeren. Déi Suen sinn an engem Zäitraum vun 2 Joer an d'Schoul gefloss duerch d'"Ed Sheeran Suffolk Music Foundation".

Dem Ed ass et nämlech wichteg, och anere Kanner a Jonken eng Chance ze ginn sech kënschtleresch z'entfalen. Dacks wäre fir d'Konschtcoursen net genuch Suen do, déi awer dringend néideg sinn, fir um neiste Stand ze bleiwen. An och den IT-Programm vun der "Thomas Mills School" huet vum Ed senge Sue konnte profitéieren.

Dass den Ed ee ganz besonnescht Verhältnis zu dëser Schoul huet, läit villäicht och dodrun, dass de brittesche Sänger seng Fra d'Cherry Seaborn do kennegeléiert huet. Egal wéi, d'Schoul weist sech immens glécklech driwwer, esou eng gutt Ënnerstëtzung vun hirem Ex-Schüler ze kréien.