Rammstein hate fir 2020 eng Partie Concerte geplangt. Wéinst dem Coronavirus hunn dës missten ofgesot ginn. Déi nei Datumer goufen elo kommunizéiert.

D'Tour fir 2020 huet missten op Äis geluecht ginn. Wéi d'Band awer elo op hirer Facebooksäit annoncéiert huet, ginn all d'Datumer nogeholl! Virfreed ass bekanntlech déi schéinste Freed an esou hu Rammstein d'Datumer fir 2021 verëffentlecht. Lass geet et am Mee, den éischte Concert gëtt den 22.05.2021 zu Leipzig gespillt.

Ënnert anerem kann een den Till Lindemann a Co. och zu Stuttgart, Berlin, Düsseldorf, Lyon an Oostende gesinn. Gutt Noriicht: Ticketen, déi scho kaaft goufen, bleiwe fir d'Tour 2021 weider valabel. Schlecht Noriicht: Déi meescht Showe si schonn ausverkaaft. Vläicht hutt dir awer Chance a kritt nach Plaze fir d'Band live ze erliewen.