All Museker huet mat enger Single seng Karriär gestart. De Rolling Stone Magazine ass der Meenung, dass dem Britney seng Debut-Single déi Bescht ass.

1998 ass dem Britney Spears seng éischt Single "...Baby One More Time" eraus komm. Do hat d'Kënschtlerin eréischt 17 Joer. An et war de Start-Schoss fir eng grouss Karriär. Och aner erfollegräich Kënschtler, hu sech direkt mat hirer éischter Single profiléiert, a Fans fir sech gewonnen.

Ma de berüümte Rollings Stones Magazine huet 100 vun deenen erfollegräichsten Debut-Singlen méi genee ënnert d'Lupp geholl, fir eraus ze fannen, wéi eng dann déi Bescht ass. Op der 78. Plaz steet zum Beispill d'Rihanna mat sengem "Pon De Replay" an op der 21. Plaz fënnt een d'Beatles mat hirem "Love me Do".

D'Top 3 besteet aus "Anarchy in the UK" vun de Sex Pistols, "I want you Back" vun den Jackson 5 an dann eben op der éischter Plaz "...Baby One More Time" vum Britney Spears.

D'Britney stoung schonn eemol op der Plaz 1, well d'Single zu deene meeschtverkaafte Lidder an den USA gehéiert. Mee virun allem, well d'Britney mat deem Song eng ganz nei Ära agelaut hat. Et ass ee Sound, deen och wéi vill Kënschtler a Kënschtlerinnen duerno gepräägt huet. "Dëst Meedchen huet de Sound vu Pop fir ëmmer verännert" begrënnt de Rolling Stone seng Entscheedung.