Et ass leider awer nëmmen eng "One Night only" Affär. Mee fir all Fan vun Take That ass d'Chance awer elo do, déi fréier Boyband nees zesummen ze gesinn.

Scho virun e puer Wochen haten de Robbie an de Gary Barlow den "Take That"-Fans Hoffnung gemaach. Do haten déi zwee sech virtuell zesummegesat an d'Lidd "Shame" zesumme geträllert.

Ma elo kënnen d'Fans vun Take That awer richteg ausflippen a sech freeën: den 29. Mee um 20h trieden déi fréier Bandmemberen zesummen op. Dat iwwer Facebook Live an de Youtube Kanal vu Compare the Meerkat. Natierlech awer net op enger Bün, mee ebe jidderee vu sech doheem aus. Zesumme getrennt also. Et gëtt och ee gudde Grond dofir, dass de Robbie nees zeréck bei Take That geet. De Concert ass nämlech fir ee gudden Zweck. Duerch de Concert wëlle se Sue sammele fir d'Musek Therapie Asbl "Nordoff Robbins" a "Crew Nation", déi sech fir d'Crews am Musekbusiness elo an der Coronakris asetzt an des finanziell ofséchert.

Ganz komplett wäerten se awer net si fir de Concert. Den Jason Orange wäert nämlech net zesumme mat deenen aneren optrieden.