E Méinden den Owend - di beschte Live-Musek um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Foo Fighters

Nom Kurt Cobain sengem Dout de 5. Abrëll 1994 stoungen net nëmme Millioune Fans ronderëm d'Welt ënner Schock, d'Nouvelle huet och dem Cobain seng deemoleg Band-Kolleegen haart getraff - di wansinneg Karriär vun Nirvana war op eemol eriwwer. Nodeems den Dave Grohl e puer Méint no deem tragesche Verloscht keng Musek maache konnt, huet hie souzesoen als Eegentherapie e puer Lidder geschriwwen an déi heemlech eleng doheem agespillt. Entstanen ass eng Kassette mat e puer Tracks drop, déi den Ufank vun de Foo Fighters sollt markéieren.

De Band-Numm kënnt iwweregens aus dem Zweete Weltkrich. Zu där Zäit hunn amerikanesch Piloten onbekannt Flug-Objeten als "Foo Fighters" bezeechent. A well den Dave Grohl e grousse Fan vun der Alien-Theorie ass, huet hien decidéiert seng Band esou ze nennen. Och wann hie virun e puer Joer an engem Interview eng Kéier sot, datt hie seng Band warscheinlech anescht genannt hätt, wann hie gewosst hätt datt se méi ewéi annerhallwe Mount géif existéieren. An hirer 26-järeger Karriär hunn d'Foo Fighters 9 Alben erausbruecht a ganzer 12 Grammys gewonnen.

Am Juni 2008 hunn d'Foo Fighters viru 86.000 Leit am Wembley Stadium dee gréisste Concert an hirer Geschicht gespillt. Si hunn deemools virun allem Lidder aus hirem 6. Studio-Album "Echoes, Silence, Patience & Grace" gespillt, ënnert anerem "The Pretender" a "Long Road To Ruin" - natierlech hunn awer och hir Klassiker ewéi "Everlong", "Best of You" a "Learn To Fly" net dierfe feelen. E weideren Highlight ass sécherlech de Gaascht-Optrëtt vum Paul Jones a vum Jimmy Page vu Led Zeppelin.

Erlieft d'Foo Fighters live aus dem Wembley - e Méinden den Owend vun 20:00 Auer un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App!