Wéi een et sech vum Foo-Fighter Frontmann erwaarde kann, soll dat awer net einfach eng x-beliibeg Biographie ginn.

Iergendwann deemnächst, wëll den Dave Grohl ganz intensiv Bläistëft a Pabeier an de Grapp huelen. Dat awer net fir nei Musek ze schreiwen, mee fir seng Memoiren ze veréiwegen. An do kënnt och sécher genuch zesummen.

Ugefaangen hat dem Grohl seng Karriäre jo bei Nirvana. Do waren als Batteur zwar nach ee Stéck méi am Hannergrond, mee mam Kurt Cobaine a Krist Novoselic huet hie Museksgeschicht geschriwwen.

An och als Frontmann vun de Foo Fighters, muss den 51-Joer ale Rocker nach genuch erlieft hunn. Op mannst genuch, fir eng Biographie iwwert säi Liewe kënnen ze schreiwen. Wien awer elo mengt, dass de Grohl do einfach just opzielt wat geschitt ass iert sech. Et sollen Anekdoten a witzeg Geschichten dra kommen. Well, esou de Grohl, Rockmuseker wierklech gutt dra si Geschichten z'erzielen. Wann ee wochen- oder méintelaang an engem Tourbus hänkt, an dat ëmmer nees, muss ee Geschichten erziele kënnen.