Donieft huet d'Lady Gaga och elo verrode, wéi tëscht him an dem Ariana Grande nom Ophuelen am Studio eng Frëndschaft entstanen ass.

D'Fans vum Lady Gaga kënne sech freeën: nodeems den 28. Februar Stupid Love erauskoum, huet d'Sängerin keng weider Musek vu sengem Album Chromatica duerch gelooss. Nächst Woch ass et dann esou wäit: den Album kënnt eraus. Als klengen Avant-Gout huet d'Mother Monster dann eng weider Single verëffentlecht.

An et ass net einfach just eng Single, mee ee Feature mam Ariana Grande. Ganz vill Fans vun deenen zwou Sängerinne hu sech scho laang drop gefreet. "Rain on me" ass dann och esou eng richteg Techno-Danz Nummer.

Nieft der Kollaboratioun am Studio, ass tëscht deenen zwou Sängerinnen och eng Frëndschaft entstanen. An dat ass virun allem dem Ariana ze verdanken, respektiv senger Hartnäckegkeet. Wéi d'Lady Gaga am engem Interview mam "Apple Music's Zane Lowe" verroden huet, ass et dem Gaga net gutt gaange wéi d'Ariana an de Studio koum fir opzehuelen.

"Wéi hatt an de Studio koum, war ech amgaangen ze kräischen, an hatt net" esou d'Lady Gaga. "An hatt sot zu mer: 'Du wäerts nees okay ginn. Ruff mer un, hei ass meng Nummer'. An d'Ariana huet sech och net ginn".

D'Stefania huet sech awer net direkt getraut, dem Ariana unzeruffen, einfach well d'Sängerin sech geschummt huet. Ma d'Ariana huet sech awer net ginn. Wouriwwer d'Lady Gaga richteg frou wier, well eng gutt Frëndschaft entstanen ass.