Fir de Video vu senger Single "Candy", huet och de lëtzebuergesche Rapper Tommek op Social Distancing an Home-Videoe missen zeréck gräifen.

Den Tommek ass keen Newcomer wann et ëm d'Hip-Hop Zeen hei zu Lëtzebuerg geet. Scho mat 11 Joer huet hien ugefaangen ze rappen. Zanter enger Rei Joren ass den Tom Mersch dann elo ënnert sengem Kënschtlernumm Tommek aktiv. Viru kuerzem huet hie sech mat sengem zweeten Album zeréck gemellt, dee sech "Wat "Rap" nennt.

An dorop fënnt een och d'Single "Candy". Fir dëst Lidd huet den Tommek elo och ee Video produzéiert. Duerch de Coronavirus huet hien de Video awer e bësse missen upassen. Amplaz de Video zesummen op enger Plaz ze dréinen, hunn déi verschidden Dänzer an Dänzerinnen hir Choreographie doheem gedanzt an opgeholl. Wéi dat ausgesäit kënnt der hei kucken: