D'Band wëll déi Persounen ënnerstëtzen, déi Hënn aus schlechte Situatioune retten. Dofir huet Train dann elo d'Single "Rescue Dog" erausbruecht.

Et gëtt warscheinlech kee Liewewiesen, dat méi ee grousst Häerz a méi Léift fir eis huet wéi een Hond. Dacks gi se awer net deementspriechend behandelt.
De Radio-Moderator Howard Stern a seng Fra Beth Stern engagéiere sech dofir scho laang bei der "North Shore Animal League America" zu Long Island, an hëllefen Hënn aus schlechte Situatiounen. Dëst Déierenasyl gëtt et scho 75 Joer, an deem d'Hënn virun allem och net euthanaséiert ginn.

An d'Band Train wëll elo och d'Déierenasyl ënnerstëtzen. D'Resultat dovun ass hir nei Single "Rescue Dog". Een Deel vun de Suen, déi duerch de Verkaf vun der Single zesummekomme ginn dann och gespent.