D'Sonn genéissen, gutt ausgesinn, dat alles versprécht d'Lizzo mat senger neier Kollektioun vu Sonnebrëller. An et kann een domat och Guddes maachen!

Am Ganze ginn et d'Sonnebrëller mat 8 verschiddene Faarwen an a verschiddene Stiler. Alleguer natierlech um Lizzo senger eegener Personalitéit a senger Stëmm inspiréiert. Esou gi se op mannst op der Säit vun der australescher Mark Quay beschriwwen.

An da ginn et och nach direkt zwou Aktiounen: eemol kritt een de 25. Mee een zweete Brëll Gratis dobäi. "Cuz We Love You", begrënnt d'Entreprise d'Offer op hirem Internetsite. Eng kleng Uspillung op dem Lizzo seng Single "Cuz I Love You".

Donieft huet Quay sech engagéiert, dass ee pro verkaafte Brëll och nach eemol 100 Platen un d'Organisatioun Feeding America spent, mat engem Maximum vun enger Millioun Molzechten.