Et ass eng batter Nouvelle fir d'Fans vun der däitscher Band. Eigentlech sollten Die Toten Hosen 2020 eng Akustik-Tour maachen. Doraus gëtt awer näischt.

D'Band an natierlech och d'Fans, hate sech eigentlech schonn immens op des Tour gefreet. "Alles Ohne Strom" sollt ee richtegt Erliefnis ginn, mat engem Big-Band Ensembel dee fir déi néideg musikalesch Ënnerstëtzung gesuergt hätt. Dofir hat d'Band och schonn am Viraus een Akustik-Album opgeholl an erausbruecht.

Déi ganz Aarbecht a Preparatioun sollen elo fir näischt gewiescht sinn. D'Band huet dat elo misste matdeelen. Et hat een zwar gekuckt op een d'Datumer net am Joer 2021 hätt kënnen nohuelen, mee doraus ass näischt ginn. Et huet een also an de saueren Apel misse bäissen, an d'Tour ebe komplett ofsoen.

Wien Tickete kaf huet, kritt ab dem 15. Juni, respektiv dem 30. Juni fir d'Schwäiz an Éisträich d'Suen zeréck.