Dat huet de Papp vun der verstuerwener Sängerin matgedeelt. D'Dréibuch vum Film géif esou wäit stoen. Wat elo nach feelt ass déi passend d'Besetzung.

Nodeems eigentlech schonn 2015 ee Film sollt erauskommen, dee sech mam Liewe vum Amy Winehouse befaasse sollt, soll et an deenen nächsten zwee Joer sou wäit sinn.  Dat huet de Papp vun der 2011 verstuerwener Sängerin, de Mitch Winehouse matgedeelt.

Deemno géif d'Dréibuch vum Film scho sou wäit stoen, an donieft soll och ee Broadway Musical kommen. Wéi de Mitch sot, hätt hien all Etapp vum Schreiwe begleet, an dorop opgepasst, dass d'Duerstellung vum Amy och der Realitéit entsprécht.

Wat elo nach feelt ass déi passend Schauspillerin. An do wëll ee kee groussen Numm hunn, mee am léifsten eng onbekannte Actrice. Dës soll dann och aus dem Süde vu London kommen, am Idealfall jiddescher Ofstamung sinn, an och e bësse wéi d'Amy kléngen.