Nee, dat ass elo wierklech absolut kee Witz. Den Eminem huet eng Handysnummer erausginn, fir esou déi dréngendst Froe vu senge Fans ze beäntweren.

Et ass wuel den Dram vun all Fan: dass en d'Handysnummer vu sengem Idol am Grapp hält. An esou eng direkt Connectioun zum Star huet.

An engem Tweet huet de Real Slim Shady geschriwwen: : „Dear Stan, I meant to write you sooner, but I just been busy“, an enger Handysnummer dobäi. Et ass kloer eng Uspillung u säin Hit "Stan" dee jo vum Fanatismus vun engem Fan zielt. Mee dat interessantst un dësem Tweet ass awer d'Nummer déi de Marshall Mathers gepost huet. Dëst ass nämlech effektiv eng Nummer, iwwert déi een de Rapper erreeche kann.

Et ass eng Nummer vum Social Media Déngscht "Community" deen iwwert Handynummere fonktionnéiert. Do kann een dann elo dem Eminem eng SMS schécke mat Froen, déi ee schonn ëmmer eemol wollt beäntwert kréien. Natierlech ouni Garantie och sécher oder op wierklech all Fro eng Äntwert ze kréien.

Et ass och eigentlech ee Publicity Stunt, iwwert deen den Eminem op d'Listening Party fir d'" Marshall Mathers LP" wëll opmierksam maachen. Wann een der Nummer schreift, kritt een nämlech direkt eng automatiséiert Äntwert geschéckt. Ob den Eminem awer nach méi ausféierlech äntwert, wäert een dann eréischt an der nächster Zäit gesinn.