Mam Titel „Take on me“ hat di norwegesch Band a-ha 1984 hire gréissten Hit. Elo suergt eng nei Versioun vum Song fir Opmierksamkeet.

Den Hit "Take On Me" vun der Band a-ha huet et dem amerikanesche Museker a Schauspiller Kurz Hugo Schneider wuel ugedoen. Op "Tik Tok" huet hien nämlech eng nei Versioun vum Klassiker eraus bruecht , an zwar huet hien déi op enger Wäschmaschinn an engem Trockner agespillt. Mat Hëllef vun engem Frënd huet hien dobäi verschidden Taste vum Gerät gedréckt, hien huet d’Dir op en zou gemaach a parallel dozou den Trockner aktivéiert. Wéi den "a-ha"-Sänger Morten Harket a seng Bandkolleegen di nei Versioun vun hirem Lidd fannen, ass nach net bekannt.

An de sozialen Medien ass de Kurt Hugo Schneider iwwregens schonn ee Star. Eleng op "YouTube" huet den humorvolle Museksproduzent scho bal 13 Milliounen Abonnenten.