The Weeknd huet zu senger neier Single "In Your Eyes" elo och e Museksvideo op "Youtube" eraus bruecht.

Am Video ze gesinn ass de Museker mat engem Messer am Grapp, wéi hien zesumme mat enger Koppel am Lift fiert an dobäi wéi et schéint de Mann ëmbréngt.

Di jonk Fra ass voller Blutt, kann awer fort lafen, an ass a verschiddenen Seene ofwiesselend an enger Disko an op der Flucht vun The Weeknd ze gesinn. Um Enn rächt sech di jonk Fra awer a schneit dem Sänger am Video mat enger Aaxt de Kapp erof, mat deem si dann an engem Club ronderëm danzt.