D’Billie Eilish huet e Kuerzfilm eraus bruecht an wiert sech hei géint Hater, déi hatt ëmmer nees wéinst senge Kleeder oder sengem Gewiicht kritiséieren.

„Not my Repsonsibility“ heescht dem Billie Eilish säin neie Kuerzfilm. Fans vun der Sängerin konnten de Clip scho wärend senger Tour gesinn. Elo steet de Video zum Thema Bodypositivity och am Stream zur Verfügung.

Am Film ass d’Billie Eilish ze gesinn wéi hatt ee Kleedungsstéck nom aneren ausdeet ier hatt da ganz a schwaarzem Waasser ënnergeet. Begleet ginn d’Biller vun engem Voieover deen d’Sängerin ageschwat huet. Hei wiert sech d’Billie Eilish géint Kritik, déi hatt ëmmer nees wéinst sengem Ausgesinn a senge Kleedungsstil muss erdroen.