D'Ellie Goulding huet Detailer zu sengem neien Album bekannt ginn!

Scho laang gouf driwwer spekuléiert, elo ass et dann endlech offiziell: 5 Joer no "Delirium" bréngt d'Ellie Goulding de 17. Juli en neien Album mam Titel "Brightest Blue" eraus. U sech ass et esouguer en Duebel-Album, opgedeelt a "Brightest Blue" an "EG.0".

Am éischten Deel "Brightest Blue" geet et doriwwer, wéi zerbriechlech mir Mënschen eigentlech sinn a wéi Bezéiungen eist Liewe beaflossen - sief et am Gudden oder am Schlechten. Deen zweete Part "EG.0" behandelt d'Theme Confiance a Courage.

D'Ellie Goulding huet dann och schonn d'Tracklist vun deem neien Album verëffentlecht. Deemno wäerten am Ganzen 18 Lidder mat drop sinn. Mat dobäi sinn och eng Rëtsch bekannt Feature-Gäscht, ënnert anerem de blackbear, de Lauv, den Diplo an de viru kuerzem verstuerwene Rapper Juice WRLD.