Den Travis Barker an de Post Malone schaffen aktuell zesummen un neier Musek!

Do hu sech der zwee fonnt! Den Travis Barker, Drummer vun der Punk-Rock-Band Blink-182, an de Post Malone hu viru kuerzem bei engem Charity-Tribute-Concert fir Nirvana zesummegeschafft. De Malone huet Gittar gespillt a gesongen an de Barker souz hannert der Batterie. Am Ganzen hu si 20 Nirvana-Lidder nei interpretéiert an esou Sue fir de gudden Zweck gesammelt.

Deenen zwee Museker schéngt hir Kollaboratioun anscheinend richteg gutt gefall ze hunn. Den Travis Barker ass nämlech aktuell beim Posty zu Salt Lake City, well di zwee wëllen eng Woch laang Lidder schreiwen, jammen an einfach Spaass hunn. Wat genee dobäi erauskënnt bleift ofzewaarden. "Wat geschitt, dat geschitt", esou de Barker.

View this post on Instagram

🤘🏼🥁 🎸

A post shared by travisbarker (@travisbarker) on