De Film vum Led-Zeppelin-Reunion-Concert wäert fir kuerz Zäit op YouTube ze gesi sinn!

Bal 30 Joer no hirem leschte gemeinsamen Optrëtt hunn d'Rock-Legende vu Led Zeppelin am Dezember 2007 an der O2-Arena zu London hir eemoleg Reunion gefeiert. Et war gläichzäiteg deen éischte Concert ouni hire verstuerwene Batteur John Bonham, a senger Plaz souz säi Bouf den Jason hannert den Drums.

Dee ganze Reunion-Concert gouf natierlech och matgeschnidden an ass 2012 ënnert dem Titel "Celebration Day" verëffentlecht ginn. Vun dësem Samschden 21:00 Auer un wäert "Celebration Day" da fir genee 72 Stonne gratis op YouTube verfügbar sinn. D'Fans vu Led Zeppelin kënnen also dat ultimatiivt Nostalgie-Erliefnes a voller Längt genéissen.