Wat eng Berouegung: Net just mir hunn Lockdown zum Deel e puer Kilo zougeholl, mee och deen een oder anere Superstar.

Sou wéi den Olly Murs zum Beispill. Dat beweist de Museker elo an engem witzege Video aus senger Buedzëmmer, deen hien op „Instagram“ verëffentlecht huet. Hei stellt hie sech op d’Wo an erschreckt zimmlech – genee wéi seng Frëndin, där hien säin décke Bauch weist an dann ëmkippt.

De Lockdown huet mech schwéier belaascht“, schreift den Olly Murs bei dee witzege Clip.