Ënnert dem Titel „Golden Hour“ ass dëse Freideg net just dem Kygo säin neien Studioalbum eraus komm, mee de Release gëtt och grouss gefeiert.

Am Kader vum Albumrelease huet den DJ fir dëse Freideg denowend ee virtuellen "Golden Hour“-Festival ugekënnegt. Dësen Event soll der Plackefirma „Sony Music“ no um 22h um Kygo sengem „YouTube“-Channel ofgehale sinn an dobäi eng éischte Kéier säin neien Album komplett presentéieren.

Wéi et am Pressecommuniqué heescht, wier de Live-Stream net just eng Méiglechkeet, fir den Album live presentéiert ze kréien, mee et géing och eppes maachen fir de gudden Zweck. De Festival ënnerstëtzt nämlech verschidden karitativ Associatiounen am Kampf géint Covid-19.