D'Gemeng Péiteng an den Atelier organiséieren am Juni zesumme 5 Drive-In-Concerten zu Lëtzebuerg.

Vum 13. bis 27. Juni kann ee sech deemno op eng Partie Concerte freeën: Mat dobäi si Lëtzebuerger Kënschtler wéi Mad Fox, d'Dëppegéisser an de Serge Tonnar. Ma och de bekannten däitsche Museker Tim Bendzko ass an esou engem Drive-In-Concert live ze erliewen, dat den 22. Juni zu Péiteng.

An deem Kader gëtt och en Thé Dansant organiséiert.

D'Tickete ginn et op carena.lu oder op atelier.lu.

Hei de Programm:

  • 13. Juni: Thé Dansant
  • 16. Juni: Mad Fox
  • 19. Juni: Dëppegéisser
  • 22. Juni: Tim Bendzko
  • 27. Juni: Serge Tonnar