© AFP/Bryan R. Smith
Nodeems bekannt gouf, datt d'Liewe vun der verstuerwener Sängerin Whitney Houston verfilmt gëtt, ass dann och elo de Lionel Richie un der Rei!
De Biopic iwwert de Lionel Richie soll den Titel "All Night Long" kréien a vun Disney produzéiert ginn. Schonn ufanks des Jores huet de Museker d'Filmrechter un d'Produktiounsfirma verkaaft. Als Dréibuch-Auteur gouf de Peter Chiarelli engagéiert, dee fir Kino-Hits ewéi "Crazy Rich Asians" oder "Selbst ist die Braut" verantwortlech ass. Deel vum Deal ass och, datt de Museker selwer als Executive Producer täteg wäert sinn.
De Lionel Richie ass an der 70er-Joren als Member vun der Funk-Grupp The Commodores bekannt ginn. Duerno huet hien och eng Solo-Karriär ugefaangen a mat Lidder ewéi "Hello", "Say You, Say Me" oder eben "All Night Long" grouss Erfolleger gefeiert. De Richie huet iwwer 100 Millioune Placke verkaaft an ënnert anerem och 4 Grammys gewonnen.