© Robyn Beck / AFP
D'Sängerin huet mat der Single "Rain On Me" de Rekord fir déi meescht Nummer 1 Plazéierungen an den Billboard Hot 100 gepackt.
D'Ariana Grande ass zanter dem Start vu senger Karriär am Musekbusiness erfollegräich ënnerwee. Elo huet et dann de Rekord gebrach vun deene meeschten Singlen déi direkt op der Nummer 1 vun de Billboard Hot 100 Charts erageklommen ass.
Ugefaangen huet et seng Erfolleg-Serie mat der Leadsingle "Thank You Next" vu sengem 5. Studioalbum mam nämmlechten Numm. Duerno konnt et sech mat "7 Rings", eng weider Auskopplung aus dem 5. Album, nach eemol ganz uewen an den Charts plazéieren.
Bei deenen zwou weidere Single krut d'Ari awer Hëllef. Eemol duerch den Justin Bieber. Zesummen hu si mat "Stuck With U" Guddes geleescht an den Tekashi 6ix9ine rose gemaach, well se mat hirem Duett op der Nummer 1 erageklomme sinn. An d'Kollaboratioun mam Lady Gaga fir "Rain On Me" huet bestätegt, dass d'Sängerin ee gutt Gespier fir erfollegräich Musek huet. Eleng an der éischter Woch nodeems "Rain On Me" erauskoum, gouf d'Single ganzer 31,4 Millioune mol geklickt.
Mat sengem Rekord huet d'Ariana iwwregens d'Mariah Carey, den Justin Bieber an den Drake vum Troun gestouss. Déi 3 Museker hunn et "nëmmen" dräi mol fäerdeg bruecht vun der 0 op 1 an d'Charts eran ze klammen.