D'Organisateuren hunn d'Headliner fir d'Editioun vun 2021 elo bekannt gemaach. Et dierf ee sech freeën!

2020 war kee gutt Joer fir all d'Rock-Fans. De "Rock am Ring" an de "Rock Im Park"misste wéi sou zimlech all Festival ronderëm d'Welt ofgesot ginn. Elo ass dann endlech eng positiv Noriicht komm: d'Headliner fir 2021 si bekannt.

Nächst Joer dierfe mer eis da scho mol sécher op VolBeat, Green Day a System of a Down freeën. Déi dräi Bands sollten eigentlech op der Editioun vun 2020 optrieden, a sinn awer elo wéi et schéngt bereet de bekannten Zwillings-Festival nächst Joer ze rocken.

Donieft huet een och annoncéiert, dass den Délai fir seng Ticketen ëmzetausche verlängert gouf. Wien 2021 also net kann dobäi sinn, kann seng Ticketen nach bis den 30.06.2020 ofginn. An wie säin Ticket vun dësem Joer sécher hale wëll, kann en dann ab dem 12.06.2020 op d'Editioun vun nächstem Joer ëmschreiwe loossen.