Den 20. Abrëll 2018 huet den Avicii sech am Oman d'Liewe geholl. D'nächst Joer geet zu Stockholm eng posthum Ausstellung zu Éiere vum Museker op!

D'Visiteure kënnen d'Entwécklung vum Avicii senger Karriär vum Musek-Nerd bis zum gefeierte Superstar novollzéien. Donieft soll bei der "Avicii Experience" säin nogestalltent Kannerzëmmer ze gesi sinn an et kann een eng Replik vu sengem Studio zu Los Angeles besichtegen. Och Fotoen, Videoen an onverëffentlecht Lidder sollen Deel vun der Ausstellung sinn.

D'"Avicii Experience" ass e Projet vum Kulturzentrum SPACE a soll 2021 um Sergels Torg zu Stockholm seng Dieren opmaachen.