© Frazer Harrison / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Eigentlech sollt elo am Oktober an der kalifornescher Wüüst gefeiert ginn. Op Uerder vu Beamten aus dem Gesondheetswiesen, ass och deen Datum ofgesot ginn.
De Coachella Festival gehéiert wuel zu deenen am meeschte bekannte Festivalen iwwerhaapt. Fir vill Fans vum Event an der kalifornescher Wüüst war et schonn eng batter Pëll wéi e verréckelt gouf. Dofir gouf och een alternativen Datum am Oktober proposéiert.
Elo hunn d'Beamte vum Gesondheetswiesen den Organisateure verbueden, de Festival am Oktober op d'Been ze stellen. Dat mat engem offiziellen Uerder. De Grond fir des Decisioun ass ganz einfach: et gëtt fir onwarscheinlech gehalen, dass een de Festival kann ofhalen a gläichzäiteg fir d'Sécherheet vun de Visiteure garantéieren.
D'Decisioun wier och net liicht gefall, esou den Dr Cameron Kaiser, deen den Uerder ënnerschriwwen huet. Him wier bewosst wéi vill Existenze vum Coachella an dem Stagecoach géifen ofhänken. D'Gesondheet vun der Bevëlkerung hätt an dem Fall awer Virrang.
2020 bleift et also roueg an der Wüüst. Dofir iwwerleet ee sech elo schonn, fir 2021 am Abrëll eng verklengert Versioun vum Coachella Festival ofzehalen, an dofir dann am Oktober 2021 de Festival nees grouss op ze zéien.
Wann der Iech eemol ee Bild maache wëllt, wat de Coachelle iwwerhaapt esou wierklech ass, fannt der hei eng kleng Dokumentatioun: