An engem Statement huet d'Recording Academy elo nei Kategorien a Regele fir d'Nominéierunge virgestallt. Dës gëlle fir d'Editioun vun 2021.

Et sinn e puer gréisser Ännerungen déi d'Academy do um Mëttwoch ugekënnegt huet. Esou goufen direkt 4 Kategorien nei definéiert, a kruten och een neien Numm.

Ab der 63. Editioun vun de Grammy Awards, déi 2021 wäert stattfannen, gëtt et dann eemol kee "Best Urban Contemporary Album" méi. Dësen heescht elo "Best Progressive R&B Album". D'Lizzo war domat déi leschte Persoun, déi dëse Grammy iwwerreecht krut, deen iwwregens eréischt 2013 agefouert gouf.
Weider Kategorien déi verännert goufen:

  • Best Rap/Sung Performance   heescht elo Best Melodic Rap Performance
  • Latin Pop Album   ass den Best Latin Pop Or Urban Album ginn
  • Latin Rock, Urban Or Alternative Album   dréit elo den Numm Best Latin Rock Or Alternative Album.

Dës Kategorie kruten elo och nei Definitiounen an et goufe nei Krittäre festgeluecht wéini ee Kënschtler fir ee vun dëse Präisser kann nominéiert ginn. Dem CEO vun der Academy no, dem Harvey Mason Jr., hätt een dës Ännerunge virgeholl, fir sécher ze sinn, dass ee mat der Zäit geet. An d'Grammy's esou och un d'Aktualitéit vun der Musekwelt ugepasst sinn.

Donieft goufen och d'Konditiounen fir de Präis vu "Best New Artist" verännert. Deemno gëtt net méi gekuckt wéi vill Lidder oder Alben den nominéierte Kënschtler huet, mee wéini den Duerchbroch gelongen ass. Fréier dierften d'Kënschtler fir des Kategorie ee bestëmmte Maximum vu Releases net iwwerschreiden.