Och d'Luxusmark Gucci huet de Rapper als "héiflech Rassiste" bezeechent.

An engem Tweet, dee mëttlerweil geläscht gouf, huet de Rapper Gucci Mane annoncéiert e géif säi Label verloossen an huet se "racist crackers" genannt.

RTL

© Screenshot Twitter

Obwuel en den Tweet zwar geläscht huet, huet en awer d'Tweets vun anere Persoune gedeelt, déi des Decisioun vum Gucci Mane ënnerstëtzen. Duerno huet de Rapper awer nach eemol nogeluecht. Esou huet de Radric Davis dann nach all sengen "Haters, Snitches" an der "héiflechster rassistescher Mark Gucci" gewënscht, dass se all u Corona stierwen. Dësen Tweet huet de Gucci awer net geläscht.

D'Relatioun tëscht Atlantic Records an dem Gucci Mane ware schonn ëmmer schwiereg. Esou gouf de Rapper am Joer 2013 vum Label entlooss, well en eng Partie Tweets géint säi Manager a weider Persoune vun Atlantic gemaach hat. En hat sech duerno mat der Ausso entschëllegt, dass en déi Zäit ofhängeg vu Codeine gewiescht wier.