© JORGE GUERRERO / AFP
D'Sängerin well mat dëser Initiativ dozou bäidroen, dass Afro-Amerikanesch Kënschtler och an Zukunft besser ënnerstëtzt ginn.
D'Halsey setzt sech elo schonn eng ganz Zäitchen aktiv fir de "Black Lives Matter" Mouvement an. Esou huet d'Sängerin un de Protester deel geholl an och gefilmt, wat fir Verletzungen déi "net-déidlech" Munitioun vun der Police verursaacht.
Elo huet d'Sängerin dann eng Initiativ gestart fir all Afro-Amerikanesch Kënschtler konsequent z'ënnerstëtzen. Dat huet d'Halsey op Instagram annoncéiert. D' "Black Creators Funding Initiative" huet als Zil eng finanziell a materiell Ënnerstëtzung ze bidden, an Afro-Amerikanesche Kreativen eng weider Plattform fir hir Konscht an och Messagen ze bidden.
"Wanns de Kënschtler, Poet, Designer, Schrëftsteller, Film-Produzent, Musek-Produzent, Journalist, Make-Up Artist, bass, oder soss kreativ bass an iergendenger Form: mer wëllen deng Aarbecht gesinn an Der hëllefen deng Dreem ze verwierklechen." Esou erkläert d'Halsey seng Initiativ op senger Instagram Säit. Donieft huet déi 25 Joer al Sängerin präziséiert, dass des Initiativ net iwwert Spende fonctionéiert, mee vun him finanzéiert gëtt.
Nieft finanzieller Ënnerstëtzung, stellt d'Halsey och nach seng Instagram Säit fir kreativ Afro-Amerikanesch Persounen zur Verfügung. A bitt hinnen esou eng Plattform vun iwwer 20 Millioune Follower.