Wärend 4 Deeg kritt een um Site vum Mamer Autokino Concerten a Partystëmmung gebueden. Lass geet et den 20. Juni.

D'Zäit vum sech doheem langweile geet lues awer sécher op een Enn. Elo huet de Mamer Autokino annoncéiert, dass een net nëmme wëll Filmer weisen. Vum 20. bis de 23. Juni kritt een all Dag een neie Programm mat Bands an DJ'e gebueden, fir mol nees esou richteg ze feieren. De Prinzip bleift deen nämmlechte wéi beim Autokino: gefeiert gëtt am Auto, an d'Musek gëtt dann och iwwert de Radio vun ärem Auto iwwerdroen.

Den 20. geet et lass. Fir déi néideg Stëmmung suergen do eemol mat dem Lëtzebuerger Party-Duo Hoffi-Zambezi, oder nach d'Loona an d'Mia Julia. Den 21. Juni ass dann den Dag vun de Lëtzebuerger NewComer Bands a Songwriter. Do kann een zum Beispill Jonathan Portland and the Muffinboys, den OKE, oder Alfalfa ze gesinn an ze héiere kréien. Headliner deen Owend si Seed To Tree.  Iessen a Gedrénks kann ee sech eemol bei Foodtrucks an enger Cocktailbar um Site besuergen.
D'Entrée pro Auto kascht 30 Euro. Tickete fannt der hei!

Dee komplette Programm vun deene 4 Deeg gesäit esou aus:

20.6. Mallorca-Party on Wheels (Doors: 19h00)

  • 19h30 Hoffi-Zambezi
  • 20h30 Loona
  • 21h30 Hoffi-Zambezi
  • 22h00 Mia Julia / Frenzy / Schokkverliebt / Sabbotage
  • 00h00 Hoffi-Zambezi

21.6. Newcomers & Songwriters made in Lux (Doors: 16h00)

  • 17h00 Retrospective
  • 18h00 AEM
  • 18h45 Pleasing
  • 19h45 Jonathan Portland and the Muffinboys
  • 20h45 OKE
  • 21h30 Alfalfa
  • 22h30 Seed to Tree

22.6. National Eve’s Party (Doors: 19h00)

  • 20h00 DJ Dee
  • 21h30 Under Pressure
  • 22h30 DJ Dee
  • 23h00 Providers

23.6. Alles op Lëtzebuergesch (Doors: 16h30)

  • 17h30 The Biggudies
  • 18h30 Nicool
  • 19h15 Schëppe 7
  • 20h15 De Läb
  • 21h15 Benny and the Bugs
  • 22h15 Stayfou