© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Terry Wyatt
Déi amerikanesch Country-Band Lady Antebellum benennt sech ëm, well hiren Numm un d'Sklaverei erënnert.
De Begrëff "ante bellum" kënnt aus dem Latäin a bedeit iwwersat "virum Krich". Am US-Sproochgebrauch bezitt den Ausdrock sech allerdéngs op d'Zäit virum amerikanesche Sezessiounskrich (1861-65), déi virun allem duerch d'Sklaverei gepräägt war.
An enger laanger Stellungnam op hirem Instagram-Account huet d'Band deemno annoncéiert, datt si vun elo u ganz einfach "Lady A" heeschen. Et géif ee sech dofir schummen, datt een déi negativ Konnotatioun vum Begrëff ni beduecht hätt an et wéilt ee sech an Zukunft méi géint d'Diskriminatioun asetzen, esou déi 3 Museker weider.