Gutt News fir alleguerten d'"Hurricane"- a "Southside"-Fans: De Festival kënnt bei iech heem!

Wéi esou vill aner Events hunn och déi zwee Zwillings-Festivaller Hurricane a Southside wéinst der Corona-Pandemie missten ofgesot ginn. Trotzdeem hunn d'Organisateuren eng Méiglechkeet fonnt, fir de Fans d'Waarden op d'Editioun 2021 ze verkierzen. Dëse Weekend fënnt nämlech eng Home-Edition vun de Festivaller statt.

Op deem digitalen Event sollen dem Public exklusiv Concerten, Interviews a weider Iwwerraschunge gebuede ginn. Am Laf vun dëser Woch ginn deeglech Detailer zum Programm op de sozialen Netzwierker bekannt ginn.