D'Sängerin huet speziell d'Denkmaler a sengem Heemechtsstaat Tennessee am Viséier.

D'Taylor Swift huet sech enger Grupp vun US-AmerikanerInnen ugeschloss, déi sech dofir asetzen, datt Monumenter mat rassisteschem Hannergrond ofgerappt solle ginn. Als Biergerin vun Tennessee géif et hatt krank maachen, datt a sengem Staat ëmmer nach Denkmaler stoe géifen, déi rassistesch historesch Figuren éiere géifen, déi béisaarteg Saache gemaach hätten, esou d'Sängerin an engem Statement op Instagram.

Méi genee geet et ëm Monumenter vum Edward Carmack an dem Nathan Bedford Forrest. Bei de "Black Lives Matter"-Protester goufen déi zwou Statue vun Demonstranten ofgerappt a sollen elo erëm opgeriicht ginn. Dat wëll d'Taylor Swift ëm all Präis verhënneren. D'Denkmaler erëm opzestelle wier eng Verschwendung vu staatleche Gelder an e Schrëtt an déi falsch Richtung, esou d'Sängerin.