Dat huet den Drummer vun der Band an engem Interview wësse gelooss.

Den John Dalmayan huet sech net fir d'éischt driwwer geäussert, wéi et aktuell bei der Band ofleeft. Schonn op Social Media huet den Drummer vu System Of A Down gesot, dass et ze vill "Drama a Bullshit" ronderëm d'Band gëtt.

Am Interview beim "Download TV"-Event huet den John Dalmayan gemengt, dass et eigentlech "esou einfach" wier fir d'Band nees nei Musek ze produzéieren, mee se géife sech do och selwer am Wee stoen.

"Do sinn Egoen, déi matspillen, a ganz éierlech, Wäisheet ass net ëmmer eppes wat ee mam Alter erreecht. Heiansdo erreecht ee just Stuerheet." Den Drummer huet awer och gemengt, dass dat ee Problem vun der Band allgemeng ass. "An der Vergaangenheet krute bestëmmte Membere vun der Band d'Schold, mee schlussendlech gehéiere véier Persounen dozou fir nei Musek ze maachen, an et brauch och véier Persoune fir keng nei Musek ze maachen."

Esou missten dann och déi véier Bandmembere sech zesummendoen, an sech zu dem nämmlechte Moment prett spieren nees zesummen een neien Album opzehuelen. Dat wier awer éischter onwarscheinlech momentan.