Méi genee dem Gitarrist vun der australescher Band.

Eng Twitter-Userin hat de 14. Juni een Tweet lancéiert an deem se gesot hat, dass si ee sexuellen Iwwergrëff duerch de Michael Clifford vu 5 Seconds of Summer erlieft hätt. De Clifford selwer huet och op Twitter reagéiert a gesot, dass hien ni esou eppes gemaach hätt.

Zwee Deeg méi spéit, also de 16. Juni, huet d'Userin sech nach eemol zum Virworf geäussert. D'Sarah H. huet do nach eemol beschriwwe wat geschitt war, wéi et bei engem Concert vun One Direction, bei dem 5 Seconds of Summer d'Virband war, am Publikum stoung.
Esou hätt d'Userin weider Nofuerschunge gemaach. An doduerch erausfonnt, dass de Mann deen him ënnert den T-Shirt gegraff huet, net de Michael Clifford war, mee een anere Mann. Dëse wier awer mëttlerweil schonn dout. Weider huet d'Sarah H. gesot, dass et ëm géif leet doen de Clifford fälschlecherweis accuséiert ze hunn. Et géif sech och dofir entschëllege wann et der Band, dem Clifford an anere Persoune mat senger Ausso wéigedoen hätt.