De Fynn Kliemann ka quasi alles: handwierken, youtuben, designen, an natierlech Musek schreiwen. Elo huet e bewisen, dass e sech och selwer verkloe kann...

En huet seng Fangeren a gefillt dausend verschiddene Projeten dran an huet éischter wéineg Zäit. De Moment villäicht nach manner, elo wou säin zweeten Album "Pop" dobaussen ass. Dëse stoung nämlech an Däitschland direkt op der Plaz 1 vun den Albumcharts.

Souguer dem beschte Multitalent kënnen awer emol Saachen entgoen. Do ass de Fynn keng Ausnam. A sengem Online-Shop hat hien eng Test-Bestellung gemaach, fir ze kucken op dat och klappt. Souguer seng eegen Test-Bestellung muss een awer och bezuelen. Ma genee dat hat de Fynn awer vergiess.

Wann ee seng Rechnungen net bezilt, kritt een iergendwann awer ee méi oder manner frëndleche Rappel, dat esou lues ze maachen. An dat ass do och beim Museker geschitt. De Schrëtt an d'Legalitéit war awer keen all ze schwéieren: 57,32 Euro méi spéit war nees alles an der Rei.