En huet zwar bei der Musek ugefaange, mee huet sech scho vill nei Kapen opgesat. Bei senger neier Iddi dierft en d'Inspiratioun direkt doheem fonnt hunn.

De Kanye West mécht Musek, ass zum Priedeger ginn, a mat senger Yeezy Mark huet e Kleeder a Schong erausbruecht. Ma elo schéngt en sech op ganz neien Terrain ze woen. De Kanye huet sech nämlech Yeezy Beauty als Trademark androe gelooss. Dorënner falen net nëmmen Highlighter, Mascara oder Lëppestëfter. Och Parfum, Shampoing oder souguer Aromatherapie-Kësse kéint den 43-Joer ale Rapper domat produzéieren.

Wéi een de Beauty-Business richteg handhaabt, dierft en direkt doheem geléiert hunn: souwuel seng Schwéiesch Kylie Jenner, wéi och seng eege Fra, d'Kim Kardashian sinn do erfollegräich ënnerwee.

Op a wéini ee sech mat Yeezy Produite ka schéi maachen ass awer nach net gewosst. An et ass emol net sécher op en esou eng Kollektioun iwwerhaapt entwéckelt. Dacks ginn esou Markennimm geschützt fir sécher ze sinn, dass och keen aneren vum Numm profitéiere kann.