Friends of Entertainment huet een neie Concert annoncéiert. Wien do genee kënnt? Ma doriwwer kann ee bis elo awer just rätselen.

Eng schwaarz wäiss Foto mat gieler Schrëft. Dat ass bis elo alles wat een um Post vu "Friends of Entertainment" gesäit.
An, dass de Concert 2021 am Triangel zu Sankt Vith, direkt hei vir an der Belscht, wäert sinn. Mer hunn eis d'Foto genee ugekuckt, an hu schonn eng Anung wien do villäicht kéint optrieden...

Eisen Tipp ass nämlech een Optrëtt vum däitsche Kënschtler Nico Santos. Mer haten de Sänger jo och bei eis am Albumcheck. An do hu mer schonn Ähnlechkeeten tëscht der Affiche an dem Cover vu sengem neien Album fonnt.

© Friends of Entertainment / Nico Santos

© Nico Santos