Metallica schaffe wärend der Corona-Pandemie per Video-Konferenz un neier Musek!

Ewéi de Batteur vu Metallica Lars Ulrich an engem Interview matgedeelt huet, stéingen d'Chancen op en neien Album relativ gutt. Besonnesch wann d'Coronakris nach e bëssen undauere géif. Et hätt een nämlech an deene leschte Woche vun doheem per Zoom a per E-Mail nei Lidder geschriwwen.

Anscheinend deet déi raimlech Trennung Metallica immens gutt. D'Band hätt an där leschter Zäit nämlech erëm musikalesch zesummefonnt an et wier schéin endlech erëm mat deenen anere Band-Memberen a Kontakt ze sinn, esou den Ulrich weider. Dee bis elo leschten Album vun der Band mam Titel "Hardwired...To Self-Destruct" ass 2016 erauskomm.