Et ass dat zweet Lidd, dat déi walisesch Sängerin erausbruecht huet, nodeems se eng traumatesch Entféierung ëffentlech gemaach hat.

Et schéngt wéi wann d'Duffy no an no nees de Wee zeréck an d'Ëffentlechkeet fënnt. D'Sängerin huet nämlech nach een neit Lidd erausbruecht dat sech „ River in the Sky nennt.

Wéi d'Duffy seet, steet d'Single fir besser Zäiten déi elo kommen. Do schéngt et och dëse fuerchtbare Virfall ze thematiséieren. An no esou engem Trauma d'Kraaft ze hunn dat ëffentlech ze maachen, an et a Musek ze verpake, weist wéi eng Perséinlechkeet d'Duffy huet.