De Kölner Museker kënnt zeréck op Lëtzebuerg!

Nom Tim Bendzko kënnt e weideren däitsche Star bei eis op Lëtzebuerg. Den international gefeierte Reggae-Kënschtler Gentleman spillt den 3. Juli live an der CARena zu Péiteng, dat hunn d'Péitenger Gemeng an den Atelier annoncéiert! Mat am Gepäck huet hie seng Band a seng ganz nei Single "Ahoi". D'Lidd ass en éischte Virgeschmaach op säin alleréischte komplett däitsch-sproochegen Album "Blaue Stunde", deen am September erauskomme soll.

Ticketen kritt ee vum 19. Juni um 9 Auer un - um Site vum Atelier oder op www.carena.lu!

Gentleman @ CARena Péiteng / © Atelier & Commune de Pétange