Mat sengem neiste Studioalbum, huet den Jason Mraz sech voll dem Reggae higinn.

Den Jason Mraz wollt sech scho méi laang esou richteg am Reggae austoben. Dat huet en da mat sengem siwenten Studioalbum gemaach.  "Look for the good" bitt awer net nëmmen déi angeneem Reggae-Beats, mee och Messagen déi dem Jason um Häerz leien.

Et ass nämlech déi éischte Kéier, dass de Mraz seng Gittar ganz op d'Säit gestallt huet, an d'Musek deenen aneren iwwerlooss huet. Fir déi richteg Téin huet eng 14-käppeg Reggae-Band gesuergt. Dofir huet den Jason Mraz sech och komplett op seng Lidder an hir Texter fokusséiert.

Duerch des nei Roll, huet hie sech e bësse wéi ee Motivatiounsspeaker, oder och Yoga-Trainer gespuert, esou de Mraz.

"These lyrics are filled with not just positivity, but trying to breathe life into issues that I care about and ways of being that might be able to shift our attitude -- at least they shift my attitude -- for a more joyful life,".

"Des Songtexter sinn net nëmme mat Positivitéit gefëllt, mee ech hu versicht Liewen a verschidde Thematiken ze bréngen déi mer wichteg sinn. Oder och Aart a Weisen ze liewen déi deng Astellung kënnen änneren, op mannst hu seng meng Astellung geännert, fir ee Liewen dat mat Freed gefëllt ass."