Dem 26-Joer ale Sänger ass de Weekend via Twitter vun zwee User virgeheit ginn, dass en se sexuell mëssbraucht hätt. Elo huet e Beweiser dogéint geliwwert.

Direkt zweemol hu Userinnen op Twitter matgedeelt, dass se vum Justin Bieber sexuell mëssbraucht gi wieren. Dat wier eemol 2014, an eemol 2015 geschitt.

E Sonndeg den Owend, huet de kanadesche Sänger an enger Rei Tweets matgedeelt, dass dës Virwërf net géife stëmmen. An, dass en och Beweiser hätt, dass e guer net do gewiescht wier, wou d'Iwwergrëffer stattfonnt hätten. Esou sot den Justin, dass en normalerweis net direkt op Uschëllegunge reagéiert, mee no engem Gespréich mat senger Fra a sengem Team, hätt en et fir néideg empfonnt eppes ze soen.

Déi éischt Userin, eng Fra déi Danielle heescht, huet an hirem Tweet gesot, si wär den 9. Mäerz 2014 am Four Seasons Hotel zu Austin, Texas mëssbraucht ginn. Den Justin Bieber behaapt awer, hi wier ni an dësem Hotel gewiescht, an huet Screenshots vun E-Mailen, Tweets a Beleeg op Twitter gedeelt. Do erkläert de Sänger ganz genee, wéini e wou zu Austin ënnerwee war an och mat wiem. Ausserdeem huet en d'Press invitéiert hir eegen Nofuerschungen beim Four Seasons zu Austin ze maachen.

Zum Schluss vu sengen Tweets huet de "Yummy"-Sänger betount, dass all Virworf vu sexuellen Iwwergrëffer a Mëssbrauch sollen eescht geholl ginn. Déi Geschicht déi him elo virgeheit gouf, kéint vun him awer widderluecht ginn a wier vun de Fakten hir onméiglech. Dofir géif en dann elo och Konsequenzen zéien, an zesumme mat Twitter an den Autoritéiten legal Schrëtter ënnerhuelen.

Den originalen Tweet vun der Userin ass mëttlerweil och geläscht ginn.