Et kann ee sengem Papp op ganz vill Aart a Weise Merci soen. D'Camila Cabello huet awer mat engem Musekvideo fir säi Papp wuel all Kaddo getoppt.

D'Single "First Man" ass net ganz nei, mee schonn 2019 erauskomm. Am Lidd seet d'Camila sengem Papp Merci. Dofir, dass hien ëmmer fir hatt do war, an deen éischte Mann war dee frou war mat him, an et och nach ëmmer ass.
Bei den 62ste Grammy Awards, hat d'Camila den Titel och Live gesongen. Bei sengem Papp, deen am Publikum souz, sinn och direkt e puer Tréine gefloss.

Um Sonndeg huet déi kubanesch Sängerin dann elo ee Video fir d'Lidd erausginn. De Video besteet gréisstendeels aus Home-Videoen aus dem Camila senger Kandheet, mat senger Mamm an natierlech sengem Papp.  Den 21. Juni war nämlech Pappendag an den USA. De Video hält op mam Message: "Te quiero mucho, Papa" wat "Ech hunn dech ganz vill gär, Pappa" heescht.