De Festival vu Wolz misst fir dëst Joer ofgesot ginn. Elo huet een awer schonn een neien Datum fir de Concert vu Passenger fonnt.

Nodeems d'Editioun vun 2020 wéinst dem Coronavirus misst annuléiert ginn, schaffen d'Organisateure vum Wëlzer Festival scho fläisseg un der Editioun fir d'nächst Joer.

Fir jiddereen dee sech schonn op de Concert vu Passenger gefreet huet, ass dann elo eng gutt Nouvelle komm: de Concert gëtt sécher nogeholl. Eigentlech sollt de brittesche Sänger schonn de 15. Juli zu Wolz ze gesi sinn. Een neien Datum huet een och scho fonnt: den 20. Juli 2021.

Wann der schonn en Ticket kaf hutt, behält en och seng Gültegkeet.